Job Description
Job DescriptionFONDATION KANNERSCHLASS rekrutéiert :E puer Erzéier (m/f/d)CDI 20-40 Stonnen/WochReferenz: SA-ED-SPDës Posten ginn ugebueden fir eis pädagogesch Teams am Alldaag ze verstärken. Eis Foyeren betreien 4 Kanner / Jugendlecher am Alter tëschent 4 an 18 Joer an befannen sech zu Bieles, Rodange, Bertrange an Iwwersiren. D’Aarbecht besteet doranner dës Kanner am Alldag ze encadréieren, hinnen déi néideg Hëllefstellungen ze ginn an si an hirer Autonomie ze fërderen.Ee weideren Aspekt vun der Aarbecht ass eng intensiv Zesummenaarbecht mat der Famill an den Servicer déi am Projet vum Kand involvéiert sinn.Missiounen:aktiv Partizipatioun um Alldagsliewen am Foyer ;individuellen a familiäre Suivi vun de Kanner aus dem Foyer ;aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Equipe an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner.Noutwendeg Kompetenzen:SA-ED-SP : Diplom vum Educateur diplômé ;Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Equipe ze schaffen ;Bereetschaft op Schichten ze schaffen ;Bereetschaft als Springer an de verschiddene Foyeren ze schaffen ;Beherrsche vun den 3 Landessproochen ;Fürerschäin B ;Eng berufflech Erfarung am Heemberäich ass vu Virdeel.Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.D’Bezuelung ass konform mat den Dispositiounen vun der CCT SAS.Adresséiert w.e.g. Är Kandidatur mat engem Motivatiounsbréif, Ärem Liewenslaf an enger Kopie vun Ären Diplomer bis spéitstens den 18. August 2024 mat der ReferenzSA-ED-SP via jobs.lu.Jobs.lu
Apply
Go Back